Victoria Rouspert - Avenir Beggen 3-2

Beggen huet sech zu Rouspert selwer e Fouss gesat an duerch eng deels verschlofen Ufanksphase ass trotz engem spéider ganz gudde Match, näischt Zielbares un der Sauer erausgesprong.

D'Lokalequipe ass no 8' schon mat 1-0 a Féierung gaangen, wéi no engem Corner, deen an de Réck vun der Ofwier komm ass, de Schuster ganz eleng um Bord vum 16-m-Raum konnt ofzéien an dee Schoss souz. Quasi am direkt Géigenzuch haten d'Wiichtelcher hier 1.Chance, wéi eng Aktioun iwwer hallefriets un där e.a. den Troncao bedeelegt war, konnt ofgeschloss ginn, mä de Schoss an de kuerzen ënneschten Eck vum Goal konnt den Oster halen. No 20' hat Rouspert eng 100%eg Chance, déi de Chrismousse onnachahmlech entschäerft huet. An der 25.' gouf e weidere Versuch vun deene Rouden a Corner deviéiert. En absolut harmlosen héije Ball huet dunn zum 2-0 gefouert: de Varela wollt komplett onbedrängt (et war kee Rousperter wäit a breet) eng Réckpass op de Chrismousse maachen, deen awer schon aus séngem Goal eraus war fir de Ball opzehuelen a matt dësem penibelen Selbstgoal huet Beggen sech um Enn kee Gefale gemat. Mä d'Gäscht sinn esou lues erwächt: e Fräistouss vum Nzita goung no 41' knapp lénks laanscht, awer 2' drop sollt et rabbelen: ähnlech wéi beim éischte Goal fir Rouspert ass och hei de Spencer no engem Corner ongedeckt ronn 20m virum Goal un de Ball komm an och hien huet fulminant ofgezunn.

Matt dësem 2-1 sinn d'Säite gewiesselt ginn. Nom Téi koum den Dos Reis fir den Demeyer, an no 52' huet hien op hallef riets aus gudder Positioun ze spéit ofgeschloss, säi Schoss gouf geblockt. An der 56.' sollt et dunn awer erëm bei null ugoen: alt nach eng Kéier stoung e Spiller knapp virum 16m ganz eleng, dës Kéier war et d'Beggener Neiverpflichtung Gielty, dee mam 3.Distanzschoss vum Owend de villemjubeleten 2-2 geschoss huet. Matt der Ënnerstëtzung vun de Supporter hunn d'Wiichtelcher elo streckeweis richteg gudde Fussball gespillt, just am Ofschloss huet et gehapert. De Match stoung elo op der Kipp, Rouspert ware veronséchert, mä Beggen konnt kee Profit draus schloen. Au contraire: no enger Konterchance (64.') huet d'Lokaléquipe d'erneit Féierung knapp verpasst. Op der anerer Säit ass e Fräistouss vum Gielty vu riets knapp laanscht de laange Poteau gaangen (71.'). Et huet awer dunn op eemol geschéngt, wéi wann den Avenir mam Punkt zefridde wier, wouduerch Rouspert erëm zréck an de Match komm sinn an an der 77.' sollten sie no engem Corner vu lénks, erëm duerch de Schuster, den 3-2 aus kuerzer Distanz schéissen. Och déi lescht Chance hat den FC Victoria (88.'), Beggen war zum Schluss zwar beméit, mä vläicht och ze naiv, well einfach ze vill probéiert gouf ze spillen amplaz einfach de Ball emol vir eran ze schloen an op dat Bescht ze hoffen. Op alle Fall war beim Leader vill méi dran wéi eng Défaite!

[ Source: www.wichtelweb.net ]