Déi 18ten Oplag vum Wichtelchercup 2015 war rëm en groussen Erfolleg. Iwwer 300 Kanner hunn den ganzen Weekend hiert Kënnen ënner Beweis gesat an haten sichtlech vill Spaass mat dem ronnen Ball. Den Wichtelchercup ass eemoleg hei am Land, hei spillen 4 Feldspiller géint en een, ouni Keeper op engem klengen Feld op kleng Goaler. Samschdes hunn Poussins gespillt, do huet den AS Wintger an der Final géint den FC Victoria Rosport gewonnen an domadder den Tournoi fir sech entscheed. Duerno hunn d'Aal Hären en Tournoi gespillt, wou um Enn Berdorf/Consdorf gewonnen huet.
Sonndes moies hunn déi ganz kleng Butzen gespillt, hei geet et drems ze spillen an Spaass ze hunn dofir gëtt et do keen Klassement.
Duerno war et um Tournoi vun den Pupilles, wou den FC Victoria sech konnt géint Chreschtnesch duerchsetzen. Den FC Victoria gewënnt domadder fir zweet hannereneen den Wichtelchercup. Weider Fotoen fannt der ënner:
www.fcvictoria.lu
oder
www.facebook.com/victoriarosport