KONVENIAT


Super Stëmmung beim Treffe vum Joergang 1958

Rëmeleng: Fir 12left de Kéier säit 1983 hunn sech déi fréier Rëmelenger Meedercher a Jonge vum Joergang 1958 getraff, an zwar den 3 Juni.
De Rendezvous bei herrlechem Wieder war um 15h00 Auer op der Terrasse vun der „Brasserie du Musée des Mines“ wou zesummen e gudde Patt gedronk gouf.
Duerno stoung en Visitt vum Haus an Atelier vum fréiere Rëmelenger Kënschtler Emile HAMES um Programm.
Um 18h00 Auer gouf no engem Fotoshooting op en Eierenwein and Rëmelenger Gemeng ageluede wou de Buergermeeschter Henri HAINE déi fréier Rëmelenger/innen häerzlechst begréisst huet.
25 Persoune waren der Aluedung gefollegt.
D‘‘Owensiesse war am „Café Am Heim“, an ass bei super Stëmmung, Musek an Danz a ville
fréieren Erzielungen an Erënnerungen och do zu Enn gaangen.
D‘Organisatoren/innen, d‘Corinne,Lucienne,Henriette,Anita,Marco,Misch,
Maurizio an de Raym soe jidderengem villmools MERCI fir hiert Kommen a freeën sech schoun ob dat nächst Treffe.

BOEVER Raymond fir mywort

More news by Raymond Boever >