Déi fir 2020 geplangten Feierlechkeeten vun de 50 Joer vum Sandweiler Grupp goufen duerch de Covid ausgebremst. Mee esou schnell gi mer nët op !
Ier mir 55 Joer feieren, organiséiert de Comité vun den 50 Joer Feierlecheeten am 53ten Joer Sandweiler Guiden a Scouten eng Tëschenetapp.
E Konveniat fir fréier Guiden a Scouten soll am Oktober 2023 um Neihaischen am Chalet stattfannen. Den ongezwonge Kader soll eng flott Geleeënheet si fir Frënn a Wéebegleeder erëm ze gesinn, Erënnerungen auszetauschen a firwat och nët un den 55ten Gebuertsdag vum Grupp ze denken. Umellen kann een sech op Konveniat@sandweiler.lgs.lu oder iwwer den Telefon 691 436 849 (E. Fehlen).
Fir den Hierscht ass och eng Broschür geplangt an där d’Geschicht vum Grupp erzielt gett. Des Broschür kann ee virbestellen iwwer 50Joer@sandweiler.lgs.lu
Den Organisationscomité « 50 Joer Sandweiler Guiden a Scouten »