50 Joer Sandweiler Guiden a Scouten


Enn Oktober hunn eng honnert aktuell a fréier Membere vun de Sandweiler Guiden a Scouten sech um Neihäischen getraff. Am Chalet gouf e Festmenü fir déi 50 Joer vum Grupp zerwéiert, preparéiert vum fréiere Member Serge Reuter. Virdrun ass d’Keltenhaus bestaunt ginn an hei si beim Aperitif éischt Erënnerungen, Anekdoten an onvergiesslech Camperliefnisser ausgetosch ginn. De Gebuertsdagskuch gouf opgeschnidden, de Marcel Fehlen krut d’sëlwer Verdéngschtmedail vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerreecht, bei engem Lagerfeier goufen nach zu spéider Stonn bekannte Guiden- a Scoutslidder gesongen.

De Wonsch, sech esou bal wéi méiglech erëm ze gesinn, gouf vun jiddwerengem gedeelt.

An Tëschenzäit ass d‘Broschür zum Jubiläum erschéngen, mat ville Fotoen aus de leschte 50 Joer Sandweiler Guiden a Scouten.