Club Senior Syrdall - Chequeiwereechung,

Club Senior Syrdall- Hëllef fir Rosario (ONG)

Chequeiwereechung,

Den 29 Januar hat de Club Senior Membere vun Hëllef fir Rosario zu Besuch.

Eng Grupp Damme vum Club Senior hun sech während dem Joer 2013 regelmäßeg getraff an hunn fläisseg Chrëschtdagsartikelen gebastelt. Am Änn hate sie iwwert 400 selwergemachten Artikele fäerdeg gestallt

Dës Artikelen hunn dunn de Dammen den 11,12 an 13 Dezember 2013 um Chrëschtmaart an der Stat um Roude Pëtz verkaaft, an dat mat vill Enthousiasmus a grousse Succès.

Um Änn ass e Boni vun 2600 € ugefall.

Dësen Betrag hunn de Dammen, an enger klenger Feierstonn, der ONG-Hëllef fir Rosario als Don iwwerreecht.
D’Madame Lydie Thomas vum Club Senior huet erkläert we de ganz Saach entstane war an ausgeféiert ginn ass.
D’Madame Rosie Bauer vun Hëllef fir Rosario huet dunn erkläert dass hir Organisatioun zu Rosario an Argentinien an engem vun dene fillen Armevéíerel aktiv ass. Eist habt Uleiess ass fir dass de Kanner aus dësem Quartier kënnen an d’Schoul
goen an somat eng besser Chance am Liewen hun fir aus dem Misère raus ze kommen.

Den Don gëtt besonneg benotzt fir an eiser Crêche ob der Platz de Kanner emol am Dag eng ausgeglachen Molzecht unzebidden.

Wann dir méi iwwert d’ONG gewuer wëllt gi: http://cercle.lu/ong/hellef-fir-rosario/


Wann dir en Don fir eis ONG maache wëllt hei eis :

Kontosnummer : BCEE LU81 0019 1100 6961 7000

More news by Hëllef fir Rosario >