De Pastoralrot vun der Par Iewescht Syr Saint Esprit huet am September 2025 e Rallye organiséiert, zesumme mat de Massendénger vu Sandweiler, der Chorale vun Hueschtert, dem Grupp « Katechees a Familljen an der Par » an dem Schëtter Gesank.
Op engem Wee vu ronn 5 km hunn 10 Ekippen verschiddenes aus der Gemeng Nidderaanven kenne geléiert an op de 4 Stänn mat Begeeschterung flott Spiller matgemaach.
Bei schéinem Hierschtwieder konnten sech d’Leit bei Gegrills, an engem Patt oder Stéck Kuch virum an nom Rallye stäerken an nach déi läscht kniwweleg Froe vum Questionnär ausfëllen, ier d’Punkten ausgerechent an d’Präisser un d’Gewënner iwwereecht gi sinn.
Well d’Gemeng vun Nidderaanven a vill Bénévole onentgeldlech matgehollef hunn fir dëse flotten Dag méiglech ze machen, konnte Membere vum Pastoralrot vun der Par Iewescht-Syr Saint Esprit am Januar 2026 e Chèque vun 750€ un “Mathëllef – Mutferter Haff” iwwerreechen. Verantwortlecher vum “Mutferter Haff « (Atelier protégé a Brasserie « Beim Pier » “ hunn dësen Don gär ugeholl, a mat Begeeschterung erzielt, wéi des Sue kënnen zum Gudde vun hire Mataarbechter an hirer wäertvoller Aarbecht agesat ginn.