Grillfest Fanfare Sandweiler

D'Fanfare Sandweiler invitéiert op hiert traditionnelt Grillfest den 1. (ab 18h) an 2. Juli (ab 11h).

Musikaleschen Encadrement:

Samschdeg um 20:00 Auer: Concert vun der Big Band Memory

Sonndeg um 15:00 Auer: Concert vun der Wämper Musek

Nierft deem traditionnelen Gegrills bidde mir dest Joer och nees Hamburger (Sonndes), 5 verschidden Béierzochten, Cocktaillounge, Sprangschlass, Eisekuchen an Zockerwatt un.