Sandweiler: Konveniat vum Joergang 1958

Viru kuerzem hunn sech d’Schoulkomerodinnen a - komeroden vum Joergang 1958, déi zu Sandweiler an d’Primärschoul gaange sinn, zu hirem 7. Konveniat getraff. No engem gemittleche Spadséiergang duerch déi nei Quartieren am Duerf hunn si bei engem gudden Nuechtiessen am Restaurant « Gusto » zu Sandweiler nach e puer gemittlech Stonnen zesumme verbruecht. Organiséiert gouf de Konveniat vum Josée Majerus, Claudine Franck, Paul Ruppert a Norry Schleck.

More news by Norbert Schleck >