Generalversammlung vun der Suessemer Entente

24
Nov
2023
24 Nov

Generalversammlung vun der Suessemer Entente Scheckiwwerreechung un d'Associatioun EDS


D’Entente vun de Suessemer Veräiner hat en Dënschdeg, 14. November 2023 hier Generalversammlung – mat Réckbléck op 2023 an Ausbléck op 2024. Natierlech woaren och Doleancen un di Gemengeverantwortlech en Thema.

A wéi d’Traditioun et wëllt, gouf och en Don gemaach. Den Erléis vum Schlassfest 2023 goung dëst Joer un EDS Lëtzebuerg A.s.b.l., eng Associatioun, déi sech ëm Leit mam Ehlers-Danlos Syndrom këmmert. Si krut deen houfrege Montant vun €4300.-

D’Entente huet awer och enger Suessemer Awunnerin e klenge Cadeau gemaach: dem Claudia Peffer. Hat huet mat der Lëtzebuerger Basketequipe d’Goldmedail op de Special Olympics am Summer zu Berlin gewonnen.

D’Veräiner hunn och de Manifestatiounskalenner fir 2024 duerchgeholl. Et stinn erëm vill flott Evenementer um Programm a mir si frou fir jiddereen, deen eis Veräiner am Laf vum nächste Joer ënnerstëtze kënnt. Mir gesinn eis also bestëmmt geschwënn erëm an der Suessemer Hal.

More news by Carine Reuter-Bauler >