D'Suessemer Entente ënnerstétzt d'Association Thérapie Equestre vu Monnerech

22
Dec
22 Dec

Mëtt November huet d’Entente vun de Suessemer Veräiner am Hall Polyvalent hir uerdentlech Generalversammlung ofgehalen. No der Usprooch vum President Jean-Claude Majerus, deen um Schluss vu senger Ried säi Récktrëtt als President annoncéiert huet, woaren et di üblech Berichter vun der Sekretärin Carine Reuter an der Tresorière Monique Reder. De Keesebericht, dee vun de Keeserevisore kontrolléiert an approuvéiert gouf, huet eng gesond Finanzlag opgewisen.

Nodeems all Berichter vun der Versammlung guttgeheescht goufen, ass de Manifestatiounskalenner fir 2026 virgestallt ginn. Duerno woar et un den Éiregäscht, fir e puer Wuert un d’Entente ze riichten. De Lino Sebastiani , President vun der Bieleser Entente ,huet di gutt Aarbecht vun der Suessemer Entente ervirgestrach an op den Dag vun de Minettsfrënn higewisen, e Fest, dat zënter e puer Joer vun de 4 Ententen aus der Gemeng Suessem fir en Deel vun de Schoulkanner um Scheierhaff organiséiert gëtt. Duerno huet de Marc Haas am Numm vum Suessemer Schäffen- a Gemengerot di «wibbelegst Entente aus der Gemeng » (dixit M. Haas) fir hiren Asaz felicitéiert.

A wéi et schonn Traditioun ass, gouf zum Schluss vun der Versammlung e Scheck vun €1000.- iwwerreecht. Dëst Joer sinn déi Suen un d’Association Thérapie Equestre vu Monnerech gaangen. D’Mara Lippolis an d’Sabrina Lichter hunn de Scheck entgéint geholl an hir Associatioun virgestallt.

Zum Ofschloss konnten d’Veräinsleit an all d’Gäscht bei engem Patt an engem Maufel nach e puer geselleg Momenter zesumme verbréngen.

More news by Carine Reuter-Bauler >