G.V vun de Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten asbl

D’Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten asbl haten ë Méindeg, den 28. Juni 2021 op hir Generalversammlung am Home Luss Collini invitéiert.

De President Jean-Marie Herber huet a senger Usproch op daat schwéiert läscht Joër higewisen, waat een och am Rapport d’activité esou wéi

am Rapport vun der Trésorerie gesait. Alles an allem hoffen d’Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten dass d’Joër 2021 ë besseren Ofschloss

wärt kréien. De Conseil d’administration huet vun der Assemblée d’Décharge kritt an därf weider schaffen, ët sin och nach 2 nei Memberen am

Conseil d’administration ugeholl gin sou dass dësen vollstänneg as.

De fréieren President Nico Flick huet , mat engem Cadeau, Merci gesot kritt fir séng Aarbecht als President déi hin zanter der Grënnung vun de

Frënn vun de Suessemer Guiden a Scouten am Joër 1993 geleescht huet.