Géint de Contournement tëscht Suessem a Käerjéng


Dee geplangten Contournement tëscht Suessem a Bascharage ass keng Léisung. En zerstéiert d'Natur an zitt zousätzlechen Autostrafic un. Matt der geplangte Strooss gët de Stau tëscht Bascharage a Suessem just vu Käerjéng op Dippech, Bartréng a Merel verlagert. Déi politesch Verantwortlech vu Suessem a Bascharage leeën op en neits den Akzent op den Individualverkéier amplaatz op den ëffentlechen Transport. Dobei ass eréischt fir zig Milliounen Euro d'Eisebunnslinn Péiteng-Bascharage-Suessem-Lëtzebuerg moderniséiert ginn. Lo soll déi nei zweegleiseg Streck schon direkt Konkurrenz vun enger neier Strooss kréien. Dat ass een eenzegen Paradox an dofir inakzeptabel.

Wat mer brauchen ass:
-------------------------------
1) eng konsequent Promotioun fir den ëffentlechen Transport
2) en Ausbau vum ëffentlechen Transport
3) Park & Ride-Kapazitéiten op der Grenz, op lëtzebuerger Buedem, awer och an de Nopeschgemengen déisäit de Landesgrenzen.
4) ee globaalt Verkéierskonzept fir de ganze Minett

Soulaang déi eenzel Gemengevertrieder der Meenong sinn, et wär besser hir eegen Zopp ze kachen an esou laang d'Uleeën vun neie Stroosen prinzipiell akzeptéiert gët, an déi Gemengeverantwortlech just nach iwwer Tracéën débattéieren, soulaang gët de Problem nët un der Wuerzel behandelt.
Et muss endlech Schluss sinn mam Gespléischters!