Scheckiwwerreechung

Suessem. Am Kader vun engem flotten Familljen-Owend mat Sketcher a Spiller hunn d’Suessemer Guiden a Scouten Ste Catherine e Scheck vun 2000 Euro un d’asbl Wäertvollt Liewen iwwerreecht. Dëst ass den Erléis vun enger Quête déi virum Buergbrennen duerch Duerf gemeet ginn ass. Den Här Jean-Marc Scheer vun der asbl huet dës Spend entgéint geholl an ganz interessant Erklärungen ginn firwat d’Suen gebraucht ginn. Hien huet den Suessemer Guiden a Scouten e grousse Merci gesot an dëse Merci ginn si hirersäits virun un d’Suessemer Awunner fir hir generéis Donen.