ELPI-Cup 2017 - 1. Manche
13
May
2017
13 May
Am Kader vum 110. Gebuertsdag vum Schëfflenger Vëlosclub LP07 Schëffleng a vum 25. Gebuertsdag vun der Schëfflenger Vëlosschoul, organiséiert d'Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes vun Schëffleng eng Serie vun 3 "Epreuves Jeunes" fir Kanner vu 6-10 Joer.
Déi 1. Manche ass Samschdes, den 13. Mai um 15.00 Auer op der VTT-Piste am Biergemer Wee zu Schëffleng.
Matmaachen dierfen all lizenzéiert an net-lizenzéiert Kanner vu 6-10 Joer. d'Aschreiwwunge si vu 14.00 -14.45 Auer um Site.
E Mountain-Bike an e Vëlosshelm sinn obligatoresch. Net-lizenzéiert Kanner brauchen eng Autorisation vun de Elteren, déi op der Plaatz ausgefëllt gëtt.
C'Course ginn nom "Règlement Jeunes" vun der FSCL gefuer.
Weider Informatioune fann Der op www.lp07.lu.