ELPI-Cup 2017 - Final

16
Sep
2017
16 Sep

Am Kader vum 110. Gebuertsdag vum Schëfflenger Vëlosclub LP07 Schëffleng a vum 25. Gebuertsdag vun der Schëfflenger Vëlosschoul, organiséiert d'Amicale des Jeunes Coureurs Cyclistes vun Schëffleng eng Serie vun 3 "Epreuves Jeunes" fir Kanner vu 6-10 Joer.


E Samschdeg de 16. September um 14.30 Auer ass déi 3. Manche, a gläichzäiteg d'Final vum ELPI-Cup 2017.


Matmaachen dierfen all lizenzéiert an net-lizenzéiert Kanner vu 6-10 Joer. d'Aschreiwwunge si vu 13.30 -14.15 Auer um Site.

E Mountain-Bike an e Vëlosshelm sinn obligatoresch. Net-lizenzéiert Kanner brauchen eng Autorisation vun de Elteren, déi op der Plaatz ausgefëllt gëtt.

C'Course ginn nom "Règlement Jeunes" vun der FSCL gefuer.


No deene 5 Course vum ELPI-Cup sinn nach VTT-Course fir Minimes a Cadets.


All d'Detailer fann Der um 2. Bild vun dësem Artikel