1. Strongman Cup zu Schëffleng
to see more pictures.
Den 30. Mee wor déi alleréischt Strongman-Kompetitioun zu Schëffleng. Beim „Wildhogs Strongman Cup“ um Parking vum Hall Polyvalent hunn déi staark Männer a Fraen de ganzen Dag iwwer bei grousser Hëtzt hier Muskele spille gelooss a fënnef Kraaftsport-Disziplinnen absolvéiert. Enner anerem gouf en 12 Tonne schwéiere Camion vun den Athleten 20 Meter wäit gezunn. Fir de Catering wor de Syndicat d’Initiative zoustänneg a vill Zuschauer wollten sech de Spektakel net entgoe loossen.
De jéngste Starter, den Ayman Chafik aus Däitschland wor 16 Joer al, de Martin Schulz mat senge 54 Joer den Eelsten. En drëtten Däitschen, de Jan-Nicllaas Balzer, huet gewisen, datt een och mat enger Beanträchtegung de Sport bedreiwe kann. Gewonnen huet schlussendlech den Tahai Sava Wang (D) virum Moritz Kühne (D) an dem Manuel Leduc (F). Medailen an d’Coupe fir de Gewënner goufe vum Schäffe Yves Marchi a vum Gemengerot Jérôme Courtier iwwerreecht.
© Fotoen: Noëllia Alvarez & Gemeng Schëffleng