Den 26.05.2012 krut d’Mme Marie Behm-Dostert hir 90 Joer.
Mme Mostert ass den 26. Mée 1922 zu Waasserbëlleg op d’Welt komm a war vun
1948-1997 mam Henri Behm bestued, éier hien si leider vill ze fréi verlooss huet.
Aus dem Bestietnis sinn 2 Kanner ervir gaangen, d’Liette an den Fernand Behm.
Haut zielen 5 Enkelkanner zum erweiderten Familljekrees vun der Jubilarin.
De Buergermeeschter Roland Schreiner, de Schäffe Carlo Feiereisen, d’Caroline Maes als Vertriederin vun der Seniorenkommissioun, d’Lydie Eich an d’Heike Donkols vum Syndicat d’Initiative, hunn sech et net huelen gelooss fir der rüsteger Jubilarin hir beschte Gléckwënsch entgéint ze bréngen.
Mär wënschen der Mme Behm nëmmen dat Bescht an hoffen datt sie bei gudder Gesondheet nach vill Joeren am Krees vun hirer Famill kann verbréngen.