Den zweete Weltkrich war eng ellen Zäit fir eist Land an fir Schëffleng. D’Lëtzebuerger hunn sech, och wann se militäresch näischt entgéint ze setzen haten, dem Okkupant net einfach esou ënnergeurdnet. Mat Sabotage, Streik a Widderstand huet d’Generatioun vun deemools sech gewiert. Et huet vill Courage verlaangt a munchereen huet säin Asaz an dësen aktive Widderstand mam Liewe bezuelt.
All dës Leit hunn e groussen Deel derzou bäigedroen dat déi folgend Generatiounen a Fridden a Fräiheet konnte liewen. Mer gedenken all Joer deenen, déi hiert Engagement fir eist Land, fir eis Uertschaft mam Liewe bezuelt hunn an och deenen déi an der Suite duerch Entbierungen oder un de Suitë vu kierperlechen a séilege Schied am Laf vun de Jore vun eis gaange sinn. Am Laf vun der Zäit hunn d‘Zäitzeien, duerch hir Präsenz a mat hiren Erënnerungen un dës schro Zäiten, dofir gesuergt datt dat wat geschitt ass net soll an de Vergiess geroden. Leider sinn der Vill vun hinnen net méi ënner eis an et ass un der Zäit fir all dat wat si eis erzielt hunn esou ze veréiwegen datt et ni soll vergiess ginn.
Et geet haut net méi duer fir just um Commémoratiounsdag un dat Erlieften ze erënneren. Vill Jonker erreeche mer net a mer kréien d’Chance net fir si richteg iwwer dat opzekläre wat viru méi ewéi 60 Joer hei bei eis geschitt ass. An der Schoul gëtt d’Thema nëmme global behandelt, dat lokalspezifescht kënnt ze kuerz an d’Wëssen iwwer d’Roll vu Schëffleng am 2. Weltkrich geet lues a lues verluer. Mä och ville vun eis ass net alles präsent a mer wëssen och einfach Villes net wat an deeër Zäit geschitt ass.
Dobäi ass besonnesch zu Schëffleng Geschicht geschriwwe ginn, duerch de Streik vum 31. August 1942. Mä donieft ass zu Schëffleng aktiv Resistenz gemaach ginn, Schëfflenger hunn eng aktiv Roll beim Spéngelskrich gespillt a Fluchblieder sinn an op d’mannst 2 Geheimdréckereien hei zu Schëffleng vervielfältegt gi fir zum Widderstand opzeruffen. Schëfflenger sinn déportéiert ginn, Männer mä och vill Fraen a Mammen hu missten an den Arbeitsdienst. Zu Schëffleng hunn och eng Rei Leit gehollef Leit ze verstoppen oder hinnen zur Flucht ze verhëllefen.
Net alles vun dëser Geschicht ass jidderengem bekannt a mer riskéiere vill Wëssen no a no ze verléieren. Dat ass de Grond firwat d’Schëfflenger Gemeng dessidéiert huet fir all dat Wëssen ze dokumentéieren a fir jiddereen zougänglech ze maachen. De beschte Wee dëst ze maachen ass dee fir d’Informatioun bei d’Leit ze bréngen an se esou ze präsentéieren datt ee stoe bleift an interesséiert dat kuckt a liest wat engem gewise gëtt.
Unhand vun 12 Informatiounstafelen hu mer versicht déi wichtegst Informatiounen aus der Zäit vum 2. Weltkrich zesummenzeschreiwen. Dës Panneaue sinn opgelockert mat Illustratiounen a Biller a Photoen aus deeër Zäit. Mer hunn d’Panneauen och esou opgestallt datt se e Bezuch zu deeër Plaz hunn wou se stinn. Sou stinn eng Rei Tafele bei de Monumenter deeër mer der vill an eiser Uertschaft hunn, a ginn Explikatiounen zu der Persoun oder zum Thema vum jeeweilege Monument. De Wee geet integral duerch eis Uertschaft an ass fir jiddereen zougänglech, sou datt jidder Interesséierten se sech ukucke kann. Doduerch datt een egal wou een duerch Schëffleng geet ëmmer iergendwou laanscht esou eng Tafel kënnt, soll de Virwëtz och gestëppelt ginn fir sech och déi an er Tafelen unzekucken an esou e gutt Bild ze kréien iwwer d’Roll vu Schëffleng an de Schëfflenger an dem 2. Weltkrich. D’Panneaue sinn an engem uspriechenden Design aus Glas, si sinn dezent an trotzdem präsent.