Concours „Ville fleurie“ – Editioun 2025

De Schäffen- a Gemengerot hat an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltkommissioun ënnert dem Motto « Eis Gemeng lieft, ass schéin a faarweg » nees de Concours „Ville fleurie“ organiséiert.

Dëse Concours deen am Prinzip all dräi Joer stattfënnt soll d’Awunner·inne motivéieren hir Ëmwelt mat Blummen, Faarwen a Kreativitéit ze verschéineren. Mat Blummen a faarwege Planzen hëllefe mir net nëmmen d’Bild vun eiser Gemeng ze verschéineren, mee schafe gläichzäiteg wichteg Liewensraim fir Beien, Insekten an aner Déieren.


Den 22. Oktober 2025 war a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot a vun der Ëmweltkommissioun d’Präisiwwerreechung vun dëser Editioun.


Mir soen alle Leit déi matgemaach hu Merci fir d’Matmaachen.