De 15. November ass am Quartier Op Hudelen den Éischte Mikrobësch entstanen: zesumme mat de Membere vum Schäffen- a Gemengerot, der Ëmweltkommissioun, Natur an Ëmwelt an ënner der Organisatioun vu Plantations Weisen gouf den alleréischte Mikrobësch zu Schëffleng ugeluecht. Am Kader vum „Dag vum Bam“ hunn d’Participant·inn·en Hand ugeluecht, fir no der innovativer Miyawaki-Methode Beem a Straicher ze planzen – eng Method, déi natierlech, dicht a resilient Bëscher schaaft.
E klenge Bësch mat groussem Impakt – Op enger Fläch vun nëmmen 100 m², mat enger héijer Planzdicht vu ronn dräi Beem oder Straicher pro Quadratmeter, entsteet hei eng Biodiversitéitsinsel, déi d’Loft ofkillt, CO₂ späichert an d’Wuelbefanne vun de Leit verbessert. D’Mikrobëscher erfuerderen nëmmen an deenen éischten zwee bis dräi Joer e liichten Entretien, duerno geréieren se sech selwer. Nieft dem ökologesche Wäert bitt dëse Projet och eng pädagogesch Dimensioun: Sensibilisatioun fir d’Ëmwelt an ënnersträicht fir zesummen un enger nohalteger Zukunft ze schaffen.