Eng beandrockend Solidaritéitsaktioun vu Schëffleng

Bei der rezent ofgehalener Scheckiwwerreechung vun „Ensemble pour un Monde Uni“ konnt eng beandrockend Zomm vu 15.500 Euro iwwerreecht ginn. Dëst Geld ass am Laf vum Joer 2025 zesummekomm a gëtt fir de Bau vun enger Maternité zu Tshumbe am Kongo agesat.

Besonnesch bemierkenswäert un dëser Aktioun ass, datt déi ganz Zomm eleng duerch de Verkaf vu selwer gemaache Gebeess gesammelt gouf. Wat op den éischte Bléck no enger klenger Iddi kléngt, huet sech zu engem grousse Solidaritéitsprojet entwéckelt.

D’Equipe, déi hannert dëser Gebeess-Aktioun steet, ass genee esou beandrockend wéi de Montant, deen zesummekomm ass. Et handelt sech ëm e Grupp vu Leit aus all Alter, déi mat vill Engagement, Kreativitéit a Freed zesummeschaffen. D’Motivatioun an dësem Grupp hellt net of – am Géigendeel, si gëtt vu Kéier zu Kéier méi grouss.

Wann d’Memberen sech zesummesetzen, kommen ëmmer nei Iddie, nei Zorte Gebeess, nei Goûten, nei Kombinatiounen derbäi eraus. An och wann d’Motivatioun bei deem engen oder anere mol e bëssen noléisst, gëtt een direkt vun deenen anere matgerappt. Eng Dynamik, déi een hautdesdaags net méi oft fënnt.

Beim Owend vun der Scheckiwwerreechung ass dofir och schonn no neie Projete gefrot ginn. De Bau vun der Maternité zu Tshumbe gëtt nach dëst Joer ofgeschloss. Ab 2027 starte bei der ONG Action pour un Monde Uni eng ganz Rei nei Projeten. Ensemble pour un Monde Uni wäert sech am Laf vum Joer nach e puer Mol zesummesetzen, fir dës Projeten am Detail ze beschwätzen an dann en neie Projet ze wielen, deen d’Equipe mat där selwechter Passioun a Solidaritéit ënnerstëtze wäert.

D’Gebeess verkafen si op diverse Mäert wéi och am Buttek Mosaïk zu Fëlschdref.

Zum Schluss bleift virun allem eent ze soen: e grousse Merci un all déi engagéiert Hänn, déi mat hirem Asaz gewisen hunn, wéi vill een zesumme beweege kann.