Faire Früstück

D’Editioun 2025 vun eisem Faire Früstück am Schëfflenger Haff war e groussen Erfolleg! De Samschdeg, de 17. Mee, huet d’fräiwëlleg Ekipp vum Fairtrade Team Schëffleng eng exzellent Aarbecht geleescht a fir e gemittlechen Event gesuergt.


Zum 10. Gebuertsdag vun der éischter Zertifikatioun vun der Gemeng Schëffleng als « Fairtrade Gemeng » hu vill Gäscht sech ronderëm e leckere Buffet versammelt, mat Fairtrade-Produite wéi Kaffi, Téi, Jus, Croissanten, Brout, Gebeess, Schockela, Friichten an nach vill méi.


Nieft engem genossvolle Früstück haten d’Participant·inn·en d’Méiglechkeet, méi iwwer de fairen Handel ze léieren, bei engem pädagogesche Spill matzemaachen an eise Fairtrade-Kaffi ze kafen. Fir d’musikalesch Ambiance huet den Duo Les Pangies gesuergt.


Am Kader vun de Fairtrade-Wochen erënnert eise Schäfferot un d’Wichtegkeet vum faire Konsum an invitéiert jiddereen, bewosst a verantwortungsvoll Akeef ze maachen.