An enger schwaacher Partie gewënnt Beggen zwar verdéngt, mä ouni ze iwwerzeegen géint den ofgeschloenen Tabelleleschten.
Dobäi huet de Lex Wilhelm no e puer Wochen quasi séng Stamm-11 konnten opbidden, just den Almeida huet fir de gespaarten Demeyer gespillt. Mä am langweilege Match gouf et nieft den zwee Goaler awer mat enger Ausnahm guer näischt ze gesinn. Dës Ausnahm war eng Chance vum Arend an der Ufanksphase (11.'), deen op lénks duerchkomm ass, awer aus kuerzer Distanz just de lénke Poteau getraff huet. Bis kuerz virun der Paus sollt wirklech näischt geschéien, an der 42.' hat de Schëfflenger Kapitän déi eenzeg Goalchance iwwerhapt fir d'Lokalequipe, mä säi Kappball no engem laange Ball konnt den ugeschloene Mersch ouni Problem fänken.
Direkt nom Säitewiessel sollten d'Wiichtelcher a Féierung goen: eng Flank vum Spencer vu lénks kënnt op den Almeida, deen onbedrängt aus ca. 13m volley konnt zum 1-0 erasetzen. Weiderhinn sollt de Match op engem ganz nidderegen Niveau bleiwen. Et war schlussendlech de Ribeiro, deen no Corner vu riets vum Gielty och komplett fräi um 11m-Punkt un de Ball komm ass an och Volley mam 2-0 alles kloer gemat huet. Eng glanzlos Victoire vun de Wiichtelcher, wouduerch den FC Avenir sech awer erëm op d'véiert Tabelleplaz hieft.
Opstellung vu Beggen: Mersch (GK), Ribeiro (72.' 2-0), Mathieu (28.' giel), Ramcilovic, Spencer, Krings (C), Gielty, Almeida (46.' 1-0), A.Silva (60.' De Sousa), Arend (75.' Schmit), Denigro (89.' Gomes).
[ Quell: www.wichtelweb.net ]