Flossbotzaktioun 2026

De 6. Mäerz war den Ëmweltminister, Serge Wilmes, zesumme mam Schëfflenger Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vun der Waasser- an Ëmweltverwaltung bei der Uelzecht am Asaz.


D’Botzaktioun zu Schëffleng war Deel vun der grousser Botzaktioun laanscht d’Uelzecht, d’Kuer an hir Nieweflëss an huet dozou bäigedroen, eng Rei Offäll aus de Gewässer erauszehuelen. Dëst hëlleft d’Biodiversitéit ze schützen, d’Waasserqualitéit ze verbesseren a mécht d’Uelzecht méi staark géint d’Auswierkunge vum Klimawandel.


E grousse Merci un all déi matgehollef hunn!