Hobbymoart 2025

Fir wanterlech Stëmmung huet den traditionellen Hobbymoart zu Schëffleng de Weekend vum 22. an 23. November 2025 gesuergt.


Hobbykënschtler·innen hunn hir schéinste Wierker an Aarbechten ausgestallt an d’Leit konnte schonn deen een oder anere Chrëschtdagskaddo fir hir Léifst hei fannen. Vu faarwege Bijouen iwwert selwer gebitzte Kleeder bis hin zu Skulpturen a Konterbontes zur Wanterzäit, war alles dobäi.


Solidaritéit war wéi ëmmer grouss geschriwwe beim Hobbymoart an esou waren och eng Hand voll Infostänn zu deene verschiddensten Theme vertrueden an e groussen Deel vun de Suen, déi era komm sinn, goufe fir karitativ Zwecker gespent.


E Merci geet un eis Veräiner, déi sech um Food Village bedeelegt hunn a wärend dem ganze Weekend fir richteg leckert Iessen a Gedrénks gesuergt hunn.


D’Fotoe vum Hobbymoart fannt dir an eiser Galerie.