Um éischte Mee sinn ech an eisem Gaart engem Maikäfer iwwert de Wee gelaf. Et ass een Deier dat mech säit menger Kandheet faszinéiert. Leider hunn ech missten an deene leschte Joeren feststellen dat ech ëmmer manner op dës besonneg Déiere getraff sinn. Eigentlech schued. Fir datt awer jiddereen u mengem Gléck deelhuele kann, hunn ech mäin Treffe mam Meekiewerlek a Bild festgehal.
De Maikäfer ass ëmmer an de Méint Abrëll a Mee ze treffen. D'Keefere hu nëmmen eng Liewensdauer vun 4 bis 7 Wochen. Befier d'Weibercher stierwen leeën se nach eng 10 bis 100 Eeër. D'Kiewerleken hunn een Zeitzyklus vun 3 bis 5 Joer. Wëssenschaftler hu festgestallt datt nëmmen all 4 Joer méi Maikäfere wéi soss schlüpfen, déi dräi Joer dotëscht lafen engem dann net esou vill vun hinnen iwwert de Wee.
An der Lëtzebuerger Sprooch kann een iwwregens souwuel Maikäfer, Meekiewerlek oder einfach Kiewerlek schreiwe.