Den 19. September huet Schëffleng am Zeeche vun der doucer Mobilitéit gelieft: Vëlo‑Check am Repair Café, e spilleresche Parcours fir Vëloen an Trottinette vum Jugendhaus an eng Mini‑Marche Gourmande duerch den Duerfkär souwéi de Bësch mat kulinaresche Statiounen ënnerstëtzt vum SIT, Teranga, Club Haus beim Kiosk a Fairtrade Team Schëffleng.
Eng inklusiv, geselleg Atmosphär, bei där Genoss a Beweegung Hand an Hand gaange sinn.
Mir soen all deenen déi matgemaach hunn e ganz Grousse Merci.