Nuit du Sport zu Schëffleng – ee richtege Succès

De 6. Juni 2026 huet zu Schëffleng d’Nuit du Sport stattfonnt. Trotz net idealem Wieder war d’Nuit du Sport ee richtege Succès a vill Leit waren hei um Rendez-vous fir nei Sportaarten ze probéieren an dat mat vill Freed a Motivation. Déi grouss Diversitéit vu sportlechen Aktivitéiten huet garantéiert, datt fir jiddereen eppes dobäi war.


Dëst Joer konnten d’Participant·inn·en och un enger All Style Hip-Hop Battle deelhuelen déi zesumme mat der asbl Art in Motion organiséiert ginn ass. Iwwert fënnef Ronne sinn d’Dänzer·inne géinteneen ugetrueden an hunn dem Publikum an der internationaler Jury gewise, wat si konnten.


Mir wëllen och all deene Merci soen déi eng Hand mat ugepak hunn : eis Veräiner, de Gemengenatelier, d’Gemengepersonal, den SIT, d’Buvette drëtt Halbzeit, d’Jugend- an d’Sportskommissiounen.


D’Nuit du Sport huet erëm gewisen, datt Sport net nëmmen eng Aktivitéit ass, mee e Liewensstil, dee Spaass mécht, zesummebréngt an nei Horizonter opmécht. Mir freeën eis schonns op déi nächst Editioun!


Fotosgalerie