Op Schrëtt op Trëtt duerch verschidde Biotopen zu Schëffleng

Zesumme mat der Naturverwaltung a SICONA war d’Gemeng Schëffleng den neie Weier 𝑀𝑜𝑡𝑧𝑑𝑟𝑒́𝑖𝑠𝑐ℎ an déi viru 6 Joer ugeluechte Weiere bei 𝐽𝑒𝑡𝑧𝑖𝑔 mat kucken. D’Entwécklung iwwer d’Zäit vun den Dëmpele konnt esou gewise ginn. Um 𝑀𝑜𝑡𝑧𝑑𝑟𝑒́𝑖𝑠𝑐ℎ gouf lëscht Joer e Weier vu 7,6 Ar gegruewen an en Iwwergang mat Naturstee gebaut fir weiderhin den Zougang zu de Parzellen ze garantéieren.


Virun allem hunn eis Amphibien nei Liewensraim fonnt, déi gutt matenee verbonne sinn. An effektiv konnt ë.a. de Kammmolch bei dësem Natura 2000 Gebitt vum ieweschten Uelzechtdall festgestallt ginn.


Och d‘Renaturéierung an Entbuschung laanscht d‘Uelzecht zu Gonschte vun aarteräichem extensivem Gréngland an de Wisevugelaarten, déi d’Naturverwaltung ëmgesat huet, goufe bei der Visitt erkläert.


D‘Aarbechte vum SICONA gi mat der Ënnerstëtzung vun de Gemengen, de Proprietairen a Bewirtschafter, der Naturverwaltung, Waasserverwaltung an dem Ëmweltministère ëmgesat.