Optik Sandy spend 6.400€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

"Aktiv géint de Kriibs" war de Motto vum Optik Sandy senger Spendenaktioun. Wärend 3 Wochen ass den Tour vu Lëtzebuerg gemaach gi sief dat ze Fouss, mam Vëlo oder awer och an der Piscine.

D'Engagement a Solidaritéit ware ganz grouss geschriwwe bannent där Zäit. An engem ganz flotte Kader konnt d'Sandy Wenzel dunn ee Scheck an Héicht vu 6.400 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner spenden. www.fondatioun.lu