Vereedegung vum Conseiller Nick Clesen

Nodeems den Här Albert Kalmes vun der Partei déi Gréng, dee vum 25.11.2011 bis den 21.11.2017 als Conseiller, vum 22.11.2017 bis den 13.07.2023 als Schäffen a vum 14.07.2023 bis den 31.10.2025 erëm als Conseiller am Déngscht vun der Gemeng stoung, mat Effet op den 1. November 2025 als Gemengeconseiller demissionéiert huet, ass haut, den 21. November 2025, den Här Nick Clesen a Präsenz vu verschidde Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot vum Buergermeeschter Carlo Feiereisen vereedegt ginn.


Mir wënschen dem Nick Clesen eng glécklech Hand bei der Ausübung vu sengem Mandat.