D‘ Fraen a Mammen vun Schëtter feieren hir 40 Joer an éieren hier Presidentin

Den 22. Februar 1984 ass den Veräin Fraen a Mammen vu Schëtter gegrënnt ginn. Vum éischten Dag un, an domat bis haut, huet d‘ Sanny-Louise Kemp d‘ Geschécker vum Veräin geleet. D‘ Memberen vun de Fraen a Mammen hunn drop gehalen hirer Presidentin zu dëser Geleeënheet e spezielle Merci ze soen. D‘ Simone Fischer huet déi richteg Wieder fonnt:
„Et ass mat enger grousser Freed an Éier, dass ech lo Wuert huelen fir enger exceptioneller Persoun Merci ze soen. Si stoung 40 Joer vun hirem Liewen als Presidentin vun de Fraen a Mammen am Dingscht vun eisem Veräin.
Am Laf vun den Joerzéngter war eis engagéiert Presidentin de Pilier vun eisem Veräin, mat hirem Leadership, hirem kloere Mënscheverstand an hirer grousser Léift fir Mënschheet. Hiert onermiddlegen Engagement war d‘ Kraaft hannert all Succès an allen memorabele Momenter die mir konnten zesummen deelen.
Mir sinn dankbar fir die vill Stonnen Aarbecht, perséinlech Affer, Bereetstellung vun hirer Garage fir Coupen ze maachen, hirem Späicher deen als Dépôt vun Bastelsaachen huet missen duerhalen, hirer Stuff fir eis Versammlungen an den onfeelbaren Engagement deen si eisem Veräin während deene 40 Joer geschenkt huet.
Hier Passioun fir den sozialen Engagement wäert ganz sécher seng Spueren an der sozialer Geschicht vun eiser Gemeng, an an all eisen Häerzer, hannerloossen.
Ech mengen dir hutt all verstan vun weem ech hei schwëtzen, dem Sanny Louise Kemp, onser Presidentin.
Sanny Louise, mir soen dir vun ganzem Häerzen Merci, fir däin onermiddlecht Engagement, deng grouss Energie an den Impakt deen ‘s du ouni Zweiwel op eis Gesellschaft hues.
Mir wëlle Dir mat engem klenge Cadeau onse Merci ausdrécken an mir hoffen a wënschen dir, dass nach ganz vill Joeren dobäi wäerte kommen.“ Nodeems d‘ Sanny-Louise hire Cadeau an e schéine Blummebouquet kritt hat, ass de Gebuertsdagskuch opgeschnidde ginn an d‘ Memberen hunn en sech gutt schmaache gelooss. Dat war och verdenkt. Well am Gespréich ass ëmmer rëm vun de villen Doën an engem Gesamtwäert vun 192 106 € geschwat ginn, déi d‘ Fraen a Mammen vu Schëtter an 40 Joer fir de gudden Zweck gespent hunn.