De Schäfferot vun Schëtter op Besuch beim Export-Award Gewenner

BPM-Lux wor viru kuerzen ganz houfreg iwwert den Besuch an senger Zentral zu Mënsbech vum Gemengerot vu Schëtter.

Säit Joeren ass d’Firma intensiv mat der Innovatioun am Milieu vun der Logistik am E-Commerce Beräich beschäftegt, fir den Händler an Konsumenten eng ganz Rei praktesch Léisungen ze schafen déi hinnen d’Erfahrungen vum Online Shopping méi agreabel a méi accessibel maachen, sief et duerch d’Weiderleedung op Lëtzebuerg vu Päck déi am Ausland bestallt goufen oder duerch den lokalen Reseau vun BPM Parcel Stations, wou een seng bestallten Wuer kann egal wéini ofhuelen.

Dozou sollt nach gesot sinn dass Lëtzebuerg dat eenzegt Land weltwäit ass wat vun esou enger Léisung profitéiert.

Nodeems BPM als Auszeechnung fir dëst Ënnerhuelen mam Export Award 2011 vun der Chambre de Commerce belount gouf, huet den Schäfferot vun Schëtter decidéiert sech selwer eng Iddi vun der Aktivitéit vun der Firma aus hirer Gemeng ze maachen.

Den Här Nicolas Welsch, Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter, huet BPM-Lux alles guddes fir d’Zukunft gewënscht an fir den wuessenden Succès gratuléiert.