Konveniat Gendarmerie-Police

No engem Joer Paus, weint der Pandemie huet den Armand Jaminet an den Fernand Dax Kollegen vun der Gendarmerie-Police Sessioun 1973 op Konveniat op Schwebseng an de Restaurant du Port invitéiert. Mam Wierder hatten mir keng Chance , et huet den Dag wéi mat Eemeren gerennt . mä et huet der Stëmmung kén Ofbroch ginn a bis speid an Nuecht sinn aal Erënnerung opgefrëscht ginn. Wann de Covid et zouléist, gesi mir eis nächst Joer am Westen vum Ländchen zerëck.