Petitioun fuedert en Iwwerschaffen vum Hondsgesetz zu Lëtzebuerg

Ab dem Dënsten 27ten März 2018 geet eng nei Pétitioun an der Chamber un d'Rennen, dëst awer net fir d'éischt.

Am Joër 2013 gouf des Pétitioun fir d'Ofschaafen vun der Rasselëscht schon emol lancéiert, leider waren 2900 Stëmmen nët genuch fir dass en Discours publique an der Chamber ofgehaalen konnt gin.

Thema war a bleift trotzallem aktuell.


Pétitioun fuerdert keen komplett neit Hondsgesetz mee ledeglech, dass keng Diskriminatioun vun den Hondsrassen méi bedriwwen gëtt zu Lëtzebuerg.

Et gëtt keen Hond deen reng wéinst senger Rass méi geféierlech ass wéi en aneren.

Et geet drëms den Détenteur vum Hond ze responsabiliséieren.


All Hond deen op iergendeng Art a Weis en aggressivt Verhaalen un den Daag leet an domadden eng Gefor fir Mensch an Déier duerstellt, soll dem Pétionnaire no, an déi schon instauréiert Dressage Coursen goen an en Examen maan. Desweider sollt an deem Fall och den Détenteur vum Hond mussen déi Theoretesch Coursen besichen an och do den Examen maan wéi et lo schon fir Besëtzer vun Lëschtenhënn Pflicht ass.


Zu Lëtzebuerg stin 5 Hondsrassen op der Lëscht déi per définitioun als méi geféierlech agestuft sin wéi anerer an daat nëmmen wéinst der Rass an nët well effektiv Baissvirfäll virleien déi dës Moossnahm giffen rechtfertegen.


Nodeems Italien, Holland an mëttlerweil och an Daitschland emmer méi Bundesländer hierer Rassenlëschten ofschaafen , soll och an Lëtzebuerg lo en Wiessel kommen.



Pétitioun kann ab dem 27.3.28 -8.5.13 op www.chd.lu ennerschriwwen gin.