Hareler Kanner am Déngscht vum gudden Zweck

Am Laf vum Schouljoer war d’AMVA (association pour malvoyants et aveugles) zu Harel an der Regionalschoul Uewersauer op Besuch.

Di Hareler Kanner aus dem Zyklus 1 an 2 kruten esou d’Geleeënheet sech mam Alldag vun enger blanner Persoun auserneenzesetzen.

Als MERCI an als Ënnerstëtzung bei weidere Projet’en hunn d’Kanner zesumme mam Schoulsyndicat Soue gesammelt.

De 9. Juli hun si dunn e Chèque am Wert vu 740 Euro der Madamm Pascale Link an hire fräiwëllige Mataarbichter iwwerreecht.