Generalversammlung an Dirigentewiesel bei der Chorall Steebrécken -Biergem

Den 12. Mäerz huet d’Chorall Steebrécken-Biergem hir 73. Generalversammlung am gutt gefëllten Hubertussall ofgehalen. D’Presidentin Marianne Kirpach huet déi vill Gäscht häerzlech begréisst a betount, wéi wichteg de Kierchechouer och an Zukunft bleiwe wäert. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen gouf op dat vergaangent Joer zeréckgekuckt.

D’Sekretärin Claudette Zeimes huet an hirem Bericht déi vill Aktivitéite vum Joer 2025 opgezielt. D’Caissière Carine Dengler konnt eng gesond finanziell Situatioun presentéieren. All Berichter goufen duerno eestëmmeg ugeholl. Mat der Opnam vum Myriam Thill an de Comité krut d’Ekipp eng wäertvoll Verstäerkung, an de Comité krut seng Décharge.

E ganz besonnesche Moment war d’Éierung vun zwee laangjärege Sänger vum Piusverband duerch de Patrick Jemming. Mat vill Applaus goufen d’Milly Medinger-Meyer fir 50 Joer an de Fernand Schumann fir 60 Joer Engagement am Déngscht vum Gesank geéiert. Dës Zuelen ënnersträichen déi grouss Verbonnenheet mam Chouer. An senger Usprooch huet den Här Jemming déi staark a frëndschaftlech Relatioun vum Verband mat der Chorall ervirgehuewen a betount, wéi vill Zesummenhalt an Engagement de Veräin prägt.

Duerno gouf déi nei Dirigentin, Adriana Mitu, virgestallt. Si gouf mat grousser Freed empfaangen a mat Blummen begréisst. Gläichzäiteg war et och eng emotional Stëmmung, well déi laangjäreg Dirigentin, Claudette Zeimes, no 37 Joer an hir wuelverdéngte Pensioun gaangen ass. Mat engem Kaddo a Blummen gouf hir vun ganzem Häerz Merci gesot – e kloert Zeeche vu grousser Unerkennung fir hir vill Aarbecht an hiert Engagement.

Den Här Paschtouer Ricardo Monteiro huet déi onermiddlech Asätz vun der Chorall gelueft. Vill Luef koum och vum Här John Smit, Member vum CGP, deen d’Wichtegkeet vum Chouer am Kierchliewe ënnerstrach huet. Vum Här Buergermeeschter Jeannot Fürpass gouf et eng grouss Unerkennung fir déi vill Präsenz bei de Manifestatiounen vun der Gemeng, an hien huet dem Veräin vill Erfolleg fir d’Zukunft gewënscht.

Den Owend ass duerno a gemittlecher Ronn ausklongen – mat gudde Gespréicher, engem Patt an engem gudde Maufel, ganz am Geescht vun enger lieweger a zesummenhaalender Chorall .