Ausstellung Claudine Maillet, Karin Mayer & Jean-Paul Thiefels

23
Jan
2026
23 Jan 24 Jan 25 Jan 30 Jan 31 Jan 01 Feb 06 Feb 07 Feb

D’Gemeng Stengefort, zesumme mat der berodender Kommissioun fir Kultur an Tourismus, invitéiert Iech op d’Ausstellung an der Galerie CollArt, déi d’Wierker vun dräi talentéierte Lëtzebuerger Kënschtler beliicht:

Claudine Maillet — E sensibelen Dialog tëscht Abstraktioun a Figuratioun, gedroe vu Collagen, déi d’Matière an Texture beräicheren.Karin Mayer — Metallskulpturen aus recycléierte Material, déi technesch Maîtrise a kreativ Imaginatioun verbannen.Jean-Paul Thiefels — Wierker, vun der Natur inspiréiert, voller Spannung a Kontraster (glat/rau, voll/eidel), mat elegante biomorphen Formen.

Galerie CollART, 15 rue de Hobscheid, Stengefort
23.01-25.01 | 30.01-01.02 | 06.05-08.02
Freides vu 17:00 bis 20:00 Auer
Samschdes & Sonndes vu 14:00 bis 19:00 Auer
A Präsenz vun de Kënschtler

E Rendez-vous fir all d’Konschtliebhaber an all Virwëtzeg deen net ze verpassen ass. Kommt bis laanscht a loosst Iech inspiréieren!