AWEIUNG FITNESSPARCOURS

Bei schéinem Wieder gouf de leschte Mëttwoch, 3. Mee 2023, de neie Fitness Parcours duerch de Stengeforter Bësch ageweit. Fläisseg huet d’Ekipp vum CIGL Steinfort déi lescht Wochen a Méint Hand ugeluecht fir dëse pünktlech fir de Summer fäerdeg ze kréien. Op Statioune kënnen esou Amateur- a Profisportler hiren Training un der frëscher Loft duerchféieren. Praktesch Infotafele weise Basisübungen, Schwieregkeetsgrad, esou ewéi déi betraffe Muskelen un. A fir déi, déi mam Handy ënnerwee sinn, déi kënnen de QR Code scanne fir d’Übungen un Hand vun engem Video gewisen ze kréien.

D’Gäscht vun der Aweiung hunn sech et net huele gelooss fir dann och e puer Statioune gewisen an erkläert ze kréien a natierlech fir se och direkt auszeprobéieren.