D'Chorale Ste-Cécile séngt d'Radiosmass

No de Chrëschtmetten vun 2007 iwwerhëlt d'Chorale Ste-Cécile Steesel erëm eng Kéier d'Gestaltung vun der Radiosmass direkt no Neijooschdag, also den 2. Januar 2011. Op Wonsch vun den zoustännegen Autoritéiten gëtt dës Mass eng éischte Kéier vun Heeschdref, Filial vun der Par Steesel, iwwerdroen. Dës Kierch huet viru kuerzem hire „Centenaire“ gefeiert an ass dem hellegen Andreas geweiht. D'Chorale Ste-Cécile Steesel-Mëlleref besteet schonns zanter 1864 an ass a bleift, hoffentlech nach laang, den eelste Veräin aus der Gemeng. An deem Sënn freeën déi Responsabel sech op all nei Sängerin a Sänger, déi si aktiv ënnerstëtze wëllen. Zueleméisseg si si de Moment zu 22, méi Dammen ewéi Hären, zesumme mat hirem Organist an Dirigent, Jean Schmit, an dem Paschtouer vun hirer Par, Georges Hoffmann. Kontaktpersoun ass hire President, G. Theisen, Tel. 33 02 72.