Bazarsekipp Stroossen: Scheckiwwereechung zu Gonschte vu Médecins du monde

D’Bazarsekipp vu Stroossen hat och 2022 fläisseg gebastelt a konnt esou aus dem Erléis vun hire verschiddenen Aktivitéiten ee Scheck vun 8000 € un Médecins du Monde iwwerreechen.

Dës Sue goufen nieft dem traditionellen Adventsbazar och bei engem Stand um Stroossener Wochemaart an dem Chrëschtmaart esou wéi mat den Arrangementer fir d‘Rentnerfeier vun der Gemeng gesammelt.

D’Dokter Yolande Wagener huet de Scheck am Numm vu Médecins du Monde an Empfang geholl an iwwer déi aktuell an zukünfteg Projete vun hirer Associatioun geschwat.