Den Noah spent 400€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Den Noah ass ee jonke Mënsch vun 10 Joer an huet handgemaache Bracelete fir de gudden Zweck verkaf. Fir den Noah war et wichteg een Engagement anzegoen mat deem hie Kanner konnt hëllefen deenen et net esou gutt geet. Den Noah konnt esou ee Scheck an Héicht vu 400€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.www.fondatioun.lu