Et ass ni ze spéit – och net 6 Méint duerno

Den 10. Abrëll 2025 huet d’Madamm Margueritte Schetgen-Wilmes zesumme mat hirer Famill an dem Schäfferot hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. Well de Buergermeeschter Nico Pundel vu Stroossen dësen Dag net konnt derbäi sinn – obwuel hin d’Madamm Schetgen säit senger Kandheet kennt – war et him wichteg, dës Visite nozehuelen. Wéi versprach, koum hien no sechs Méint, an d’Margueritte war begeeschtert vun der Häerzlechkeet vun dësem Besuch.

D’Margueritte, gebierteg vu Péiteng, huet sech 1949 mam Vic Schetgen aus der Lessgässel zu Stroossen bestuet. Kuerz drop koum hire Jong Gilbert ob d’Welt. Mat dem Schëff ass d’Famill fir sechs Joer a Brasilien geplënnert, wou de Marco gebuer gouf. Well si de Klima net gutt verdroen huet, ass hire Wee no sechs Joer kuerzfristeg op Uccle bei Bréissel gaangen, wou de Vic eng Plaz beim deemolegen Marché Commun kritt huet.

Wéi de Service vum Vic no néng Joer op de Kierchbierg verluecht gouf, ass d’Famill mat de Jongen zréck op Stroossen gezunn – zur grousser Freed vum Margueritte. Dixit Margueritte haut: mir si jo Stacklëtzebuerger!  No dem Doud vun hirem Mann huet si sech entscheet, an d’Résidence Riedgen, och zu Stroossen ze plënneren.

D’Margueritte schätzt et héich, dass si an hir Matbewunner vun engem léiwen, opmierksame Personal entouréiert gin. Rummi spillen, bei Aktivitéite matmaachen, mam Taxi an de Cactus, Coiffer oder Bank fueren  – dat mécht si nach ëmmer. Hiere Saz: ech hu jo näischt wéi!