Hoeräis

Mëtt Dezember war vill Hoeräis an eise Bëscher ze gesinn.

D'Bedingunge fir Hoeräis sinn: héich Loft- a Buedemfiichtegkeet, Temperature liicht ënnert dem Gefréierpunkt a keen oder kaum Wand.

Duerch de Stoffwiessel vu wanteraktive Pilzer am doudegen Holz entsti Gasen déi d'Waasser aus dem fiichten Holz no baussen drécke, wou et direkt fréiert. Doduerch datt weidert Waasser no bausse gedréckt gëtt, an direkt fréiert, wuessen d'Äiskristallen zu laangen Äishoer, déi emsou méi laang gi wéi d'Bedingunge fir d'Kristallisatioun undaueren.