Scheckiwwerreechung vun de Kiewerlecken zu Gonschte vun der ONG Niños de la Tierra


D’Kiewerlecken, de Scoutsveräin vu Stroossen haten de 27. Mäerz 2015 een Dîner de bienfaisance zu Gonschte vun der ONG Niños de la Tierra. Während dëser "Noche boliviana" am Scoutschalet zu Stroossen sinn defteg Spezialitéiten aus Bolivien zervéiert ginn an et goufe Fotoen vum Mélanie Braquet op eng Leinwand projezéiert, e Kiewerleck deen tëscht 2013 an 2014 ee ganzt Joer fir dës ONG zu Cochabamba a Bolivien war, wou et an engem Projet vu Kannerbetreiung geschafft huet. Bei dësem Owend koumen am Ganzen 1 200 € zesummen.

Den 2. Mee 2015 war dunn d’Scheckiwwerreechnung am Weltbuttek an der Villa Jacquinot zu Beetebuerg. No zwou kuerze Riede vum President vun Niños de la Tierra, Claude Schweich, an dem Gruppechef vun de Kiewerlecken Alessandro Plebani gouf de Scheck iwwerreecht an duerno gouf et nach (wéi sou üblech) en Éirewäin.