Picchu

De Picchu ass lo schonn ee ganze Strapp bei eis, et wär un der Zäit dass hien säin eegent Doheem fënnt. Hien war Ugangs Dezember 2021 als Minibutz fonnt ginn, gebuer ass hien ongeféier Enn Oktober 2021.


Wat d'Rass betrëfft tippe mir op Porcelaine, et ass op alle Fall een zolitte Bugger ginn, deen am Ablack 35kg weit.


Leit an aner Muppe fënnt hien immens an hien deelt och jidderengem dat ganz iwwerschwänglech mat, do misst nach e bëssi mat him geschafft gi dass hien manner stiermesch a grobmotoresch gëtt. Och soss misst een sech bewosst sinn dass et ee jonke Mupp ass wou nach Zäit a Gedold an seng Erzéiung muss investéiert ginn.


Fräilaf ass nach ëmmer problemlos méiglech, u Wëldspuere weist hien Gsd guer keen Intressi. Mir halen awer drop dass seng zukünfteg Famill iergend eng Form vu Nuesenaarbecht reegelméisseg mécht. De Picchu huet éischt kleng Schrëtt am Mantrailing gemaach a fënnt dat super, awer och all aner Form vu Nuesenaarbecht géif him gutt gefalen.


Wann dir de Picchu wëllt kenne léiere maacht der eis am beschten eng Email (info@deieren-an-nout.lu) wou der eis e bëssi zielt wéi dem Picchu säi Liewe géif bei iech ausgesinn

More news by Cathy Laroche >