Viizfest zu Téinten

E Sonndeg, den 10. Oktober, woor bei wonnerschéinem Hierschwierder Viizfest zu Téinten am "Koschteschbau". Um 11 Auer ass et lass gaangen mat engem Concert-Apéro gespillt vun der Sëller Musèk a vu 14 bis 18 Auer huet de Jeannot Bucheler fir Musèk gesuergt. De ganzen Daag iwwer kruuten d'Leit frësch gepresstenen an agekachten Viiz, Äppelbeignets, Äppeldrëpp, Gegrills a Gedrënks. Fir Kanner woor e Sprangschlass, e Schminkstand a vill aner flott Spiller do. Organiséiert gouef daat Ganzt vun den Pompjeeën vun Téinten.