Minsbech :
Den FC Minsbech feiert dëst Joer säin 80.Gebuertsdag. Gegrënnt am Joer 1946 duerch puer Idealisten, ass den FC Minsbech haut mat iwwer 300 Lizenzéierter de gréisste Veräin aus der Gemeng Schëtter.
De Fussball spillt eng wichteg Roll am gesellschaftleche Liewe vun enger Gemeng. Integratioun, Respekt, Disziplin an Ekippegeescht droen zu engem flotten Zesummeliewen an enger gudder Liewensqualitéit an eiser Gesellschaft bäi.
Fir dëse Gebuertsdag anstänneg ze feieren ass en Organisatiounscomité op d‘Bee gestalt gi mam Präsident Marc LAMESCH, Vice-Präsident Patrick WEYRICH, Sekretär Jean-Marie ALTMANN, Caissier Luc BRAUN an de Membere J-PIERRE KAUFFMANN, Sylvie DUPONT, Sam BRAUN, Alain GUILLAUME, Alain KALMES, Marc KOLBER, Claude WALDBILLIG a Pit ZEIMES.
Festivitéite mat engem flotte Programm vum 20.06.2026 bis den 11.07.2026, bidden niewent Tournoi’e fir d’Seniore n, Veteranen, der Jugend, och puer flott Eventer un.
Donneschdes den 02.07.2026 ass eng flott Afterwork Party, a Samsdes owes de 04.07.2026 e gesellege Lëtzebuerger Owend mat Musek.
Net vergiessen dierfe mir d’Inauguratioun vum neie Komplex Stade op der Bissemt, Donneschdes den 02.07.2026 an der Präsenz vun der Ministesch Mme Martine Hansen an dem FLF-Präsident Paul Philipp.
Freides owes den 03.07.2026 ass eise Galamatch géint den BGL-Ligue Veräin an Noper US Hostert, deen iwwregens och seng 80 Joer feiert.
Ofgeschloss ginn Feierlechkeete mat eiser Journée des Anciens den 11.07.2026. Umellen an Info kritt dir: um Tel 35 86 16 oder per mail:anciens@fcmunsbach1946.com.