fachmännesche Schnëttcours mat nëtzlechen Tuyauxen

Samsdes, den 23. Mäerz wor e Bamschnëttcours am Jardin à suivre.

Den Här Remy Bintener wor zur Platz fir den interesséierte Nokuckerten ze weisen, wéi Beem richteg geschnidde ginn. Et gouf awer och Rotschléi, wéi een Zierstraich richteg beschneid.

Hien huet dat ganz fachmännesch gemat sou datt jiddereen Nëtzliches bäigeléiert huet.

Leider wor kalt Wieder, wat wahrscheinlech erklärt, firwat nëmme 5 Leit do waren. Op anere Plazen soll et der awer scho manner gewiest sënn.

Nom Cours gung et bei de Pedro, Café Portugal, eng warem Tass Kaffi dranken an e Kichelche maufelen.

More news by Coin de Terre et du Foyer Troisvierges >